D'Next-Gen vun Xbox gesäit net extrem - net Next-Gen - aus...

Microsoft hat elo hir éischt Demonstratioun vun de Spiller, déi z’erwaarde si wann hir nei Konsol, d’Xbox Series X, erauskënnt - an ech si mer net sécher wat ech vun hirer Show hale soll.

Fir e kuerze Bilan ze zéien: Et goufen eng 15 Spiller gewisen. Déi wichtegst dovunner si warscheinlech Halo: InfiniteStalker 2 a Fable 4.

Fänke mer mat de gudde Saachen un. Stalker 2 a Fable 4 waren zwou cool Iwwerraschunge fir mech an aner Spiller wéi Everwild a Psychonauts 2 gesinn interessant an originell aus.

An elo d’Probleemer, déi ech mat der Show hat.

Den Xbox Games Showcase war déi éischt wierklech Demonstratioun vun der nächster Generatioun fir Xbox, an se war fir mech e bëssen... oninteressant. Eng nei Konsolegeneratioun bréngt leider gewëssen Erwaardunge mat sech. Jidderee wëll eng Zort vu Progrès gesinn, sief et Gameplay an esou domm wéi et ass - Grafik. A Microsoft huet bei kengem vu béide wierklech staark Spiller gewisen.

Dat eenzegt längert Segment wat se gewisen hu war Halo: Infinite, ee vun de wéinege Gréissten an der Microsoft-Famill, an déi Demo huet net esou impressionant ausgesi wéi déi meescht sech warscheinlech erhofft haten. Donieft gouf onheemlech vill vu Spiller geschwat, déi schonn erauskomm sinn an obwuel et cool ass vun Expansions oder Upgrades ze héieren, et ass net déi Zort vun Ukënnegung, déi an dëst Segment passt.

Perséinlech hunn ech mer einfach ee bësse méi Spektakel an einfach méi Next-Gen erhofft.

Ob Microsoft méi en Hype mat hirem nächste Stream bilde kann, bleift ofzewaarden, mee hire Start war e bëssen holpereg.