Mer maachen et all, op mer wëllen oder net. Schweessen! Mee wat wësse mer eigentlech doriwwer, oder mengen ze wëssen? Mir klären op!

1. Schweess sténkt

Jein! Schweess usech sténkt net. Wann eise Kierper Schweess produzéiert richt dësen eigentlech neutral. Dee schlëmme bäissende Geroch entsteet eréischt wa Bakterien op eiser Haut iwwert de Schweess hierfalen. Dofir wann ee schweesst: mat Waasser ofwäschen an dat schlëmmst ass verhënnert!

2. Wann ee fit ass, schweesst ee manner!

Interessanterweis gëllt do just de Contraire: wat ee méi fit ass, wat een och méi schweesst. Well: eigentlech schweesse mer well eise Kierper sech ofkille muss. Wie méi trainéiert schweesst also och méi reegelméisseg, well de Kierper méi dacks op Héichtoure bruecht gëtt.

Lauschtert hei eran!

3. Wie vill schweesst hëlt of!

Et kléngt esou schéin: einfach emol gutt schweessen a scho gëtt ee méi schlank. Leider fonktionnéiert et awer net esou. Wa mer schweesse verléiere mer Waasser, wéi och beim Ootmen. Mee, déi Quantitéit déi mer do verléieren, huele mer direkt nees eran soubal mer Waasser drénken.

4. Déi meescht Schweessdrüse sëtzen ënnert den Äerm!

Kléngt wierklech komesch, mee mer hunn op enger ganz komescher Plaz nach méi Schweessdrüsen. An zwar op eise Fousssuelen! Pro Quadratzentimer fënnt een op eiser Foussuel 370 Drüsen. Duerno kënnt eis Hand, mat 360 pro Quadratzentimeter. Ënnert den Äerm sinn et der just tëscht 120 an 160.

5. Wann ee schweesst muss ee kal drénken!

Ëm Gotteswëllen, Nee! Wann ee scho schweesst wéinst der Hëtzt, soll een op kee Fall eppes Kales drénken. Wann de Kierper schweesst kämpft e schonn op Héichtoure géint d'Hëtzt. Wann een dann eppes Kales drénkt, muss de Kierper nëmmen nach méi schaffe, fir den Temperaturënnerscheed auszegläichen. A schweesst nach méi.