304 bis 361 Euro - dat ass de Mindestbudget deen een dem Statec no fir ee Kand bis 6 Joer brauch.

Ee Kand bréngt vill Freed an een Haus. Fir d'Elteren bedeit ee Kand net nëmme vill Responsabilitéit, mee si mussen och mat enger Partie Käschte rechnen.

Ma de Statec huet ausgerechent, mat wéi vill eng Famill fir ee Kand vun der Gebuert un bis zum 6. Liewensjoer rechne muss. Consideréiert goufen hei Liewensmëttel, Hygiènesproduiten a Fräizäitaktivitéiten.

D'Etüd weist deemno dass ee Kand an den éischte 6 Liewensjoren jee no Alter tëscht 304 an 361 Euro pro Mount kascht.

Am deiersten sinn der Etüd vum Statec no d'Liewensmëttel. Hei muss ee pro Mount jee no Alter vum Kand tëscht 75 an 130 Euro rechnen. Fir ee Kand vun 3 Joer falen z.B. pro Mount 105 Euro, a fir ee 6 Méint ale Puppelche 75 Euro pro Mount fir Liewensmëttel un.

© statec.lu

Gréisser Käschte falen och fir Hygiènesproduiten un, virun allem wat d'Pamperse betrëfft. Bis ee Kand propper ass, brauch et ongeféier 4.500 bis 6.000 Pampersen. Dës kaschte fir Kanner ënner 6 Méint 54 Euro de Mount. Fir méi al Kanner kommen da Visitte beim Coiffer dobäi.

Fir d'Fräizäitgestaltung vum Kand rechent de Statec da mat 32 Euro de Mount fir Kanner ënner 6 Méint, 44 Euro fir Kanner bis 3 Joer, a 55 Euro fir Kanner vu 5 Joer un. Dorënner falen ënner anerem Visitten am Zoo oder Gebuertsdagsfeieren.

Zu de Käschte kommen awer och aner Elementer wéi Ënnerkonft, Kannerbetreiung a Mobilitéit dobäi. Dat gouf hei lo net berechent. Fir d'Kannerbetreiung wier et dem Statec no ënner anerem wéinst dem cheque service accueil an de verschiddene Kritäre komplizéiert, ee Mindestbudget festzeleeën.

Mir ware mam Mikro eraus an hunn iech gefrot, wat ärer Meenung no ee Kand bis 6 Joer pro Mount kascht, a wat dir vun der Etüd haalt.

Lauschtert hei: