Enger Etüd aus den USA no miniméiert d’Séissegkeet de Risiko vun Häerzkrankheeten!

Libeskommer, Stress oder einfach nëmmen e schlechten Dag - Schockela erweist sech dacks als gudden Trouscht. Ma och wa mer d'Gefill hunn, dass d'Séissegkeet eis glécklech mécht, wësse mer, dass se eigentlech net all ze gesond fir eise Kierper ka sinn. Oder?!

Eng Etüd aus den USA beseet de Géigendeel: Schockela soll tatsächlech gutt fir eise Kierper, méi genee eist Häerz sinn. Dofir hu Fuerscher vum Baylor College of Medecine zu Houston Date vu méi wéi 300.000 Patienten ënnersicht a matenee verglach. Bei Mënschen, déi méi wéi 1x d'Woch nascheleg waren, war de Risiko vun enger Häerzkrankheet ëm 8 Prozent méi geréng wéi bei deenen, déi manner Schockela giess hunn. De Grond: Schockela soll d'Bluttgefäässer vum Häerz schützen. Bei der Etüd gouf iwwregens keen Ënnerscheed tëscht hellem oder donkelem Schockela gemaach, et gëtt awer vermutt, dass den donkele weiderhin dee méi gesonde soll sinn.

Wien elo denkt e géif eppes fir säin Häerz maachen an deem en dagdeeglech eng Tablett Schockela verdréckt, dee muss awer enttäuscht ginn: Iwwerdreiwe soll een et trotzdeem net. D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) weist drop hin, dass eng Persoun maximal 50 Gramm Zocker den Dag zou sech huele soll, wien also schonn eng ganz Tafel intus huet, muss sech fir de Recht vum Dag ganz kléng halen.

Hei gëllt also, wéi och soss: Etüde si mat Virsiicht ze genéissen.

Lauschtert hei de Reportage