TikTok gëtt ëmmer méi ënnert d'Lupp geholl, dat wéinst Probleemer mat der Datesécherheet.

TikTok ass déi neiste sozial Plattform, déi d’Welt am Stuerm captéiert huet. Besonnesch och wärend dem Lockdown wéinst dem Coronavirus.

Mat ronderëm 800 Milliounen User ass déi chinesesch App eng vun de meescht benotzte Plattforme vum leschte Joerzéngt a speziell beléift bei de méi jonke Generatiounen.

Technesch Experten, Hackergruppen a Regierunge sinn awer e bësse méi skeptesch wat d’Datesécherheet vun TikTok ugeet.

Esou huet Indien d'App viru kuerzem grad wéi 50 weider chinesesch produzéiert Applikatioune verbueden an och an den USA gouf et Staatsaarbechter elo verbueden, TikTok op hiren offizielle Geräter ze hunn. D’Hackergrupp Anonymous an eenzel Technologie-Experten hu sech och géint d'Plattform positionéiert.

Grond fir d'Skepsis kënnt dovunner, dass se net nëmmen Donnéeë sammelt, déi fir d’Benotzung vun TikTok néideg sinn - wat kloer géint d'Dateschutzrechter geet. Hei kann een natierlech kritiséieren, dass aner Plattforme wéi Facebook, Google an Amazon eis Daten op änlech Aart a Weis sammelen. Dëst si gréisstendeels gutt Awänn.

Hei muss een awer drun denken, dass déi aktuell chinesesch Regierung aner Virstellungen huet wat Iwwerwaachung, Dateschutz a Privatsphär ugeet, wat déi ganz Debatt dann an d’Politescht zitt.