Léift am Alldag ass net ëmmer ganz einfach. Besonnesch wat ee scho méi laang zesummen ass. Fir Verschiddenes net ze vergiesse, kënnen do Apps hëllefen.

1. Happy Couple

Lauschtert hei eran!

Dir hutt d'Gefill, dass der äre Partner zwar kennt, mee nach net gutt genuch? Dir wëllt dat awer änneren? Dann ass d'App Happy Couple genee dat Richtegt! Do gëtt et nämlech ee risege Froekatalog, mat iwwer 1'200 Froen. Et dierf een do dann eemol seng eegen Äntwerten aginn, mee och d'Äntwert vum Partner erroden. Esou kann een eemol testen, ob een de Partner effektiv esou gutt kennt, an nach eemol ganz nei Saachen erausfannen.

2. Between

Dës App soll e bëssen esou eppes wéi een "Tagebuch" sinn fir d'Bezéiung. Bei "Between" kann d'Koppel zesummen Aktivitéiten a wichteg Datumer an de Kalenner androen. Oder och erliefte Momenter mateneen deelen. Mat Hëllef vun engem Code, deen nëmmen déi zwee Partner geschéckt kréien, kann een sech aloggen an zesumme plangen. Esou soll sécher gestallt ginn, dass keen aneren Accès kritt. A wann een vun der Koppel eppes ännert am Kalenner, kritt deen aneren dat matgedeelt. Esou ginn et keng Excuse méi, dass een eppes verpasst huet.

3. LoveSync

Dës App gouf vum Late-Night-Host Stephen Colbert och nach "Tinder fir Koppele" genannt. Bei LoveSynce geet et drëms nees méi einfach Zäit fir Spaass zu Zwee ze fannen. Wéi fonktionnéiert se? Ma op der App ass een eigentlech just mam eegene Partner verbonnen. An do gëtt et och just ee grousse Button deen een drécke kann. A wéini benotzt een dësen? Ma ganz einfach: soubal der een Honger verspiert, dee just äre Partner befriddege kann, dann tippt der op den Ecran an der App. Wann äre Partner dat selwecht mécht, kritt der wéi bei Tinder d'Informatioun, dass der "Matched". Dréckt awer nëmmen ee vun deene Zwee drop, gëtt deen aneren et och net gewuer.