Ee fréiere Manager vu Sony äussert sech iwwert d'Längt vu Spiller.

Hautzedaags muss een ëmmer méi Spillzäit aus engem neie Spill erauskréien. 30, 60, 100 Stonnen a méi. An dat Ganzt mécht och iergendwéi Sënn. Wann ee méi Zäit an e Spill erastiecht, kritt ee jo méi fir säi Geld.

De Shawn Layden, e fréiere Manager vu Sony, huet rezent awer an engem Podcast gesot, dass dëse Modell fir Spiller ze entwéckelen iergendwann net méi kéint funktionéieren.

Seng Erklärung ass staark verbonne mam momentane Präis vu Spiller, deen zënter laangem bei 60 € läit. Esou soll de Probleem doranner leien, dass d’Käschte fir gréisser Spiller ze entwéckelen iwwert d’Joren geklomme sinn, mee de Präis vu Spiller ass d’nämmlecht bliwwen. Dëst setzt Entwéckler ënnert extreemen Drock, well hir Spiller sech ëmmer besser verkafe musse fir profitabel ze si wat zur Exploitatioun vun Aarbechter oder iwwerdriwwe laangen Entwécklungszäite féiere kann.

Fir et mat engem Beispill ze verdäitlechen: Red Dead Redemption 2 vu Rockstar bitt honnerte vu Stonnen u Contenu un, mee et war fir op d'mannst 6 Joer an Entwécklung an huet Schätzungen no 100 Milliounen Dollar kascht.

Bei dësem Titel ass et gutt ausgaangen, mee net ouni Risiken a Probleemer.

D’Industrie wäert héchstwarscheinlech net zréckdréinen, wat d'Spillzäit ugeet. Mee dem Layden seng Aussoe maache scho Sënn an et bleift ofzegesinn, wéi sech d’Spill-Industrie un déi steigend Entwécklungszäiten a Käschten upasse wäert.