Eng vun de beschte Serien, déi ech a leschter Zäit gesinn hunn.

Serië mat "Social Commentary" sinn net ëmmer einfach ze verdauen. Oft sinn et länger Serië mat komplexe Geschichten an da kann et schwéier si sech fir dës ze begeeschteren - egal wéi gutt se sinn.

Atlanta war dofir eng angeneem Ofwiesslung fir mech.

Dirigéiert vum Donald Glover, verfollegt een an der Serie dem Earl säin Alldag. Gespillt vum Donald Glover, gëtt den Earl deeglech mat Konzepter wéi Aarmut, Rassismus a Gewalt konfrontéiert an erlieft ganz verréckte Geschichten am Laf vun den 2 Staffelen, déi et bis elo gëtt.

Wat elo onheemlech seriö, traureg an zemools lues klengt, gëtt an Atlanta awer ganz anescht inzenéiert. All dës Sujete gi mat ongleeflech vill Witz gewisen. Et ass een interessante Mix tëscht Comedy an Drama, deen a Form vu "Social Commentary" erzielt gëtt.

Et ass schwéier auszedrécke wéi eng Stëmmung d’Serie huet. Zeene kënnen doudeescht ufänken an op eemol fënnt Atlanta ee witzegen Twist fir d’Stëmmung erëm ze hiewen. Aner Zeene schéngen op den éischte Bléck guer net seriö an op eemol dréint sech d’Situatioun komplett. Absurd ass warscheinlech dat beschte Wuert fir Atlanta ze beschreiwen, mee net well et kee Sënn ergëtt, mee well d’Geschichte reell Problemer uschwätzen, déi kee Sënn erginn.

Atlanta ass eng Serie mat vill cleverem Witz an onheemlech guddem "Social Commentary". Eng Balance, déi nëmme schwéier ze treffen ass, mee wann eng Serie wéi Atlanta se trëfft... Uff, dann ass et gutt.