Och wa sech dat mam Roaming geännert huet, kann een trotzdeem profitéieren, wann et scho gratis WiFi gëtt.

Lauschtert eran!

Am Summer ass een éischter manner an den eegene véier Wänn. Och wann et net onbedéngt an d'Vakanz geet, ass ee vill ënnerwee: Egal ob am Restaurant, Café oder soss op ëffentleche Plazen, praktesch iwwerall huet ee ganz liicht Zougang op de WiFi-Reseau. Hei gëllt et awer opzepassen, well och wann et immens einfach ass, ginn et eng Partie Gefore bei ëffentleche WiFi-Netzwierker.

Och bei verschlësselte Reseaue kann et schif goen

Wéi de Steve Muller vu BEE SECURE ënnersträicht, ginn et zwou Zorte vu WiFi-Reseauen: Déi mat Passwuert geschützt sinn, an déi ouni. Alles wat een iwwert esou Reseaue mécht ass net awer net onbedéngt verschlësselt a ka fir aner Apparater siichtbar sinn. Deemno sollt een op kee Fall iwwert en ëffentleche Reseau perséinlech Donnéeën oder soss Transaktioune maachen.

Updatë just bei privater WiFi-Verbindung duerchféieren

Krimineller kéinte liicht Zougrëff op är Donnéeë kréien. Bei Banktransaktiounen ass dat manner probabel, well dës speziell geséchert sinn, trotzdeem ass et net auszeschléissen, sou de Steve Muller. Grad esou sollt ee keng Updatë fir de Smartphone duerchféieren. Wichteg ze betounen ass, datt en ëffentleche WiFi och dee vum Hotel ass, och wann ee fir deen e Passwuert brauch.

Op Adresszeil oppassen oder op Zwee-Facteur-Authentifizéierung setzen

Onéierlecher kënnen awer och Sitten nomaachen. Wichteg ass et hei op d'Adresszeil opzepassen: Sitte mat "https", der richteger Adress/URL an engem Sécherheetsschlass kann ee vetrauen. D'Schlass eleng geet net duer, et muss een alles iwwerpréiwen. Eng aner Optioun ass d'Zwee-Facteur-Authentifizéierung. Zousätzlech zum Passwuert kritt een hei e Code per SMS oder App geschéckt.