Deene meeschte fält d'Undoe vun der Mask jo bestëmmt net méi sou schwéier wéi am Ufank vun der Pandemie.

Mëttlerweil ass d'Mask aus eisem Alldag jo bal net méi ewechzedenken. Wann een se dann awer mol eng Kéier vergësst, heescht et no enger Alternativ sichen oder awer ganz einfach erëm heem fir se sichen ze goen.

Mee wéi benotzt dir eigentlech är Mask am Alldag? 

Wéi dacks wiesselt dir se?

Wéi dacks gi se iwwerhaapt gewäsch?

Mir ware mam Mikro ënnerwee fir d'Leit genee dëst ze froen.