Verschwörungstheoretiker hannerfroe jo bekanntlech alles a verbreeden déi verrecktsten Theorien am Netz... och an der Musekswelt.

Sinn d'Amerikaner am Joer 1969 wierklech um Mound gelant? Ass d'Äerd bannendran huel oder ass se awer platt? Sou Theorië ginn et scho laang. Oft ginn et allerdéngs keng Beweiser, déi d'Verschwierungstheorië widderleeë kënnen, dofir kléngen se esou absurd, dass se guer net stëmme kënnen, oder? Och d'Musekswelt an d'Stare bleiwen net vun esou Theorië verschount.

1) Goufen de Paul McCartney an d'Avril Lavigne ersat?

Verschwierungstheoretiker no sinn de Paul McCartney an d'Avril Lavigne scho laang dout. De Paul McCartney soll nämlech schonn an de 60 er Joren un engem Autosaccident verstuerwe sinn. Beweiser zu sengem Doud sollen sech an de Lidder vun der Beatles Band selwer verstoppen. Am Lidd "Glass Onion sengt den Lennon nämlech: Here's another clue for all / the walrus was Paul". D'Avril Lavigne soll sech 2003 d'Liewe geholl hunn. Beit sollen duerno duerch Doppelgänger ersat gi sinn.

2) Ween ass d'Katy Perry eigentlech?

De Mord um  jonke Meedchen JonBénet ass nach ëmmer ongekläert. Dëse Fall zielt zu de meescht diskutéierte Mordfäll an den USA. D'Fro ass nämlech wat mat der Scheinheetskinégin geschitt ass. Doriwwer ginn et vill Theorien. Mee déi komeschst dovunner ass, dass JonBénet ni wierklech gestuerwen ass mee ënnert engem aneren Numm eng Karriär gestart huet, nämlech als Katy Perry. Beweiser dofir soll d'Ähnlechkeet souwuel vun dem JonBénet wei och  vu sengen Elteren zum Katy Perry sinn. A méi Beweiser ginn et net.

© Screenshot YouTube

3) D'Solange ass dem Beyoncé säi Meedchen

Bei der nächster Theorie geet et em d’Beyoncé a seng Schwëster d’Solange... oder ass dat awer säi Meedchen? Enger aktueller Theorie no ass d'Beyoncé net 1981, mee 1974 gebuer. Als Beweis gëllt e Gebuertsschäin deen den texanesche Gesondheetsminister erausginn huet. Hei ass de Gebuertsdatum vum Beyoncé nämlech op d'Joer 1974 datéiert.

Dogéint sprécht awer, dass et Kannerfotoe vun deenen zwou Schwëstere ginn. Ee weidert Indiz ass, dass d'Beyoncé d'Solange hätt misse mat 13/14 Joer kréien.

4) Ginn et Eidechsewiesen op eisem Planéit, an ass den Justin Bieber ee vun deenen?

Et gi vill absurd Theorien, mee eng vun den absurdsten ass, dass et Eidechsewiesen op der Welt solle ginn, déi sech a Mënsche verwandele kënnen - an ee vun dëse Wiese soll den Justin Bieber sinn. Als Beweis zielt ee Video op YouTube, deen den Justin Bieber am Joer 2014 wärend senger Verhaftung weist. Op dësem Video soll den Justin Bieber seng Faarf vun den Ae bannent Sekonnen einfach änneren. Dëse Video ass awer bewise gefälscht. Trotzdeem ginn et ëmmer nach Leit, déi vun der Existenz vu sou Wiesen iwwerzeegt sinn.

Lauschtert eran!