Wann ee mol Kappwéi huet, denken déi meescht Leit sech weider näischt dobäi, an huelen eppes géint Péng. Bei Hypochonder leeft dat awer anescht of:

Villäicht hutt der de Begrëff "Hypochondrie" schonn héiere, mee wësst net esou wierklech eppes unzefänken domat. Op der Tëlee gëtt d'Hypochondrie dacks humoristesch duergestallt, wéi zum Beispill am franséische Film "Supercondriaque" vum Dany Boon.

Lauschtert hei eran!

Eigentlech ass et awer net wierklech witzeg fir d'Persoun selwer, oder och fir d'Leit an hirem Ëmfeld. Hypochondrie ass nämlech eng unerkannte psychologesch Kränkt. Persounen déi dorënner leide, reagéieren iwwerméisseg staark op all Unzeeche vun enger méiglecher Kränkt. Wann een Hypochonder zum Beispill zweemol hannerteneen néitst, oder einfach ee klenge Krämpchen huet, denkt dëse meeschtens, dass et en eng schlëmm Erkrankung huet, un der e stierwe kënnt.

Allgemeng si méi Frae wéi Männer dovu betraff, an och éischter eeler Persounen. Wéi esou eng Hypochondrie entsteet, ka ganz verschidden Ursaachen hunn. Dacks ass et op eng traumatesch Erfarung zeréck ze féieren. Huele mer zum Beispill un, dass de Brudder vun enger Persoun jonk un engem Häerzinfarkt stierft. Dat kann bei dëser Persoun duerno eng iwwerméisseg grouss Angscht ausléise, soubal een och nëmmen an der Géigend vum Häerz eng Péng spiert, oder een Unzeechen huet. Een Hypochonder geet also direkt vum "worst case" aus, a kann och net méi wierklech rationell iwwerleeën.

Och Kanner déi ee schwéiert Trauma duerchlieft hunn, dorënner och psycheschen oder physesche Mëssbrauch, kënne spéiderhin ënner Hypochondrie leiden. Dat well se keng gesond Relatioun zu hirem Kierper opbaue konnten. Wann ee mat engem Hypochonder konfrontéiert ass, kann et heiansdo schwiereg sinn, net genervt ze reagéieren. Dat bréngt nämlech näischt. Am Beschten ass et nozelauschteren, mee och ze soen, wann een emol iwwerfuerdert ass. Wierklech hëllefe kann engem Hypochonder nämlech bal nëmmen een Therapeut oder Psycholog.