Heiansdo ass et wuel net schlëmm, wann et e puer Stonne manner sinn, ma wousst dir, datt ze wéineg Schlof sech ufille ka wéi wann een ze vill gedronk hätt?

Lauschtert eran!

Fir verschiddener gëtt et näischt méi Schéines um fréie Moie wéi ausgeschlof a fit ze erwächen. Et start ee gutt an den Dag an alles fält engem méi einfach. Fir vill Leit ass dat awer just Wonschdenken: Den Dag huet just 24 Stonnen a fir alles do ënner ze kréien, klappt net bei jidderengem. Oder ass et awer déi spannend Serie, déi een owes net lass léisst? Wann engem déi néideg Stonne Schlof feelen, kann dat esou wierken, wéi wann een ze déif an d'Glas gekuckt hätt.

Schonn e puer Etüden hu genee dat erausfonnt. Wéi Wëssenschaftler vu Graz schreiwen, kann e Manktem u Schlof wéi e puer Glieser Béier wierken. Wien also nuets manner ewéi 4 Stonne geschlof huet, soll sech zum Beispill am Stroosseverkéier esou verhalen, wéi wann en 0,5 Promill am Blutt hätt. Dass dëst eng Gefor fir sech selwer wéi och aner Leit op der Strooss duerstellt, muss een op där Plaz net weider erklären. D'Konzentratioun geet also bei d'Kaz.

An deem Zoustand huelen eis kognitiv Kompetenzen of. Wien zum Beispill 24 Stonne guer net schléift, géif sech sou beanträchtegt fille wéi wann en 0,8 Promill hätt. Mir kënnen ze wéineg Schlof toleréieren, ma kënnt dat méi dacks vir, kritt de Kierper et net méi kompenséiert. Verschidde Schloffuerscher gi souguer sou wäit ze soen, datt ee fir eng Stonn komplett ze kompenséiere ganzer véier Nuechte bräicht. Ze wéineg Schlof wier also anescht ewéi gesond.