Dass déi meescht Gamer hautesdaags méi jonk sinn, dierft kloer sinn, mee dat heescht net dass eeler Generatioune vun deem Hobby ausgeschloss sinn.

Perfekt Beispill dofir ass d’Japanerin Hamako Mori, déi eelste YouTube-Gamerin. Op YouTube bekannt als "Gamer Grandma", streamt déi 90-järeg Japanerin hir Gaming-Sessioune fir Millioune vu Leit. An d'Groussmamm ass net nei an der Gaming-Zeen, esou soll se an den 80er ugefaangen hu mat hiren Enkelen ze spillen an ass zënter deem leidenschaftleche Gamerin.

Wien e Bléck op hire YouTube-Channel geheit, gesäit och séier, dass se wierklech vun allem spillt. Vum Ego-Shooter bis zu Rollespiller oder Horror, Madamm Mori spillt sech duerch eng ganz Bandbreet u Genren an Titelen. An hire meescht gekuckte Videoe spillt se sech duerch GTA V, Call of Duty a Resident Evil.

D’Hamako Mori ass och net eleng an hirer Altersklass. Am bekanntsten op der Streamingplattform Twitch, hu mer d’Shirley Curry aus den USA, déi mat 84 Joer fir hiert Liewe gäre Skyrim spillt a streamt.

Et ass cool vun deene Persounen ze héieren, well et weist, dass Gaming keng Altersgrenze kennt.