Ëmmer méi dacks gesäit ee Visièren aus Plastik, och "face shields" genannt. Ersetzen déi d'Mask oder muss ee béid zesummen droen?

Beim Coiffer, am Buttek oder a Bus, Zuch an Tram: D'Bild huet sech geännert an et gëtt een net méi vu méi oder manner frëndleche Laache begréisst - et huet een eng Dose Maske vis-à-vis stoen. Ob eng Visière eng Mask ersetzt ass zimmlech ëmstridden. Den däitsche Robert Koch Institut schreift op sengem Site, datt den Asaz vu Visièren als Ersatz fir Maske vun Hiersteller ervirgehuewe gëtt. Et wier awer net bewisen, dass e "face shield" genee sou effektiv schützt ewéi eng Mask.

Bei Maske kann de Verlaf vun Otem, Speechel wéi och Drëpsen, iwwert déi de Coronavirus jo iwwerdroe gëtt, reduzéiert ginn. Visièren dogéint kënne just dat opfänken, wat direkt op der Scheif ukënnt. Schwätzt ee vun uewe mat engem kënnen d'Drëpsen also nach ëmmer direkt beim Géigeniwwer ukommen. De Virdeel vun der Mask ass, datt dës enk um Gesiicht uläit, d'Visière ass op dräi Säiten op. De RKI kënnt zum Entschloss: Et ass keng gläichwäerteg Alternativ.

Bei der Santé nogefrot krute mir déi nämmlecht Äntwert. Lëtzebuerg hält sech un d'Recommandatioun vum däitschen Institut. Um Lëtzebuerger Site covid19.lu ass ze liesen: "Nee, Plastiksvisière schützen d’Aen, mee net d’Nues an de Mond. Dofir ass eng Visière eleng keen effikasse Schutz géint de Coronavirus." Et rechent een der eigentlecher Schutzfunktioun also keng grouss Wierkung zou. Fir Allergiker oder Leit, déi dafstomm sinn, ass e "face shield" vu Virdeel.

© Ben STANSALL / AFP