All Mount gi mer mat neie Filmer a Serien op eis Couche gelackelt. Am August ënnert anerem domat:

1. Fate of the Furious an Aquaman

Nodeems och schonn déi aner Filmer aus der "Fast and the Furious" Franchise op Netflix gelant sinn, kënnt de 16. August dann och "The Fate of the Furious" op Netflix eraus. Dat ass awer net deen eenzege Blockbuster: och d'Filmadaptatioun vum DC Comic Aquaman ass elo drop an drun an der Filmkollektioun vun Netflix ugeschwemmt ze ginn. Dee Film kann ee sech ab dem 25. August ukucken.

2. [Un]Well

Wellness. Dat Wuert steet jo eigentlech fir zou sech kommen, a méi gesond liewen. Virun allem ass et awer eng riseg Industrie déi derhannert stécht, an all Joer eng Onmass vu Suen erabréngt. Bei (Un)Well gëtt gekuckt, wéi gutt eis déi verschidde Produiten an Prozedure wierklech dinn, a wéi d'Risike wierklech ausgesinn. Dës Doku-Serie gouf vun Netflix produzéiert a start den 12. August.

3. Selling Sunset

Fir jiddereen deen heiansdo einfach emol e bëssen Trash-TV brauch, a wärenddeems nach e puer Luxus-Haiser kucke wëll, dierft Selling Sunset dat Richtegt sinn. Am sonnegen LA begleet een hei Immobilie-Maklerinnen souwuel am Beruf wéi och am Privaten. Et ass mëttlerweil schonn déi drëtte Staffel, déi ab dem 7. August fir Visitten disponibel ass.