Elo wou et jo sou richteg waarm gëtt, ass dach bestëmmt di beschten Zäit iwwer Schnéi, Keelt a Chrëschtdag nozedenken, oder?

Wien denkt dann net u Chrëschtkaddoen am Summer? Dëst ass eigentlech déi beschten a lukratiivsten Zäit fir iwwert Kaddoen nozedenken. Spillsaachen, Parfum a Kleeder sinn am Summer oft méi bëlleg ze kréien. D'Smartphone sinn dann och méi bëlleg, well hei am Hierscht nei Modeller virgestallt ginn. Generell ass et sou, dass am September d'Präisser da rëm an d'Luucht ginn.

Wéi vill Leit denken dann effektiv elo schonn drun eppes ze kafen? An wien ass éischter ee last-minute Keefer deen nach den 23. Dezember verzweiwelt duerch d'Geschäfter leeft?

Mir ware mam Mikro ënnerwee an hunn nogefrot:

Lauschtert hei eran!