Wann de Prënz mat senger Prinzessin an de Sonnenënnergang reit, ass alles wonnerbar? Dat awer nëmme bei der Disney-Versioun.

Wärenddeem bei den Disney Filmer d'Déiercher mat danzen a sangen, huet et bei de Geschichten, déi als Inspiratioun gedingt hunn, nawell ganz anescht ausgesinn. Hei sinn e puer "Detailer" déi ee bei den Disney-Filmer léiwer ewech gelooss huet.

1. Ariel, déi kleng Sireenchen
Beim Hans-Christian Andersen senger Geschicht ass et vill méi brutal hirgaangen. Do huet d'Ariel nämlech net nëmmen de Feeler gemaach mat der Hex een Deal anzegoen, mee huet sech seng Zong ewech huele gelooss. Am Disney Film huet een dat einfach duerch eng kleng Bull gewisen, déi seng Stëmm duerstellt. Ausserdeem gëtt et am Original keen Happy-End: de Prënz verléift sech an dat Falscht, wouduerch d'Sireenchen u gebrachenem Häerz stierft an zu Mieresschaum gëtt.

2. Mulan
D'Mulan war eng vun deenen éischten Disney Prinzessinnen, déi absolut no sech selwer kucke konnten. An der Sui Tang Geschicht vum Fa Mulan, ass hatt zwar och an de Krich gezunn, an huet och China gerett. Mee, am Original kënnt d'Mulan zeréck aus dem Krich a gëtt gewuer, dass säi Papp scho laang dout ass, a seng Mamm sech nei bestuet huet. Domat awer net genuch: et gëtt gezwongen dem Keeser seng "Konkubine" ze ginn. Eppes wat dat eegestännegt Mulan absolut net wëll. A sech dowéinst ëmbréngt.

3. Hercules
Bei der Geschicht vum Hercules huet Disney nawell vill ëmgebaut. Am Original gëtt et nämlech richteg bluddeg: den Herakles, wéi en an der griichescher Mythologie heescht, ass mam Meghara bestuet an huet dräi Kanner. D'Hera, dem Zeus seng Fra huet awer ee Problem mam Herakles. Den Zeus hat nämlech eng Affär mam Herakles senger Mamm. D'Hera bestrooft den Herakles a léisst en duerchdréinen. A sengem Wahn bréngt hien d'Meghara an och seng Kanner ëm. Duerno eréischt hëlt en déi berüümten 12 Aarbechten op sech, fir vum Wansinn befreit ze ginn.