D'Nues kann iwwert 1 Billioun Gerécher differenzéieren. Dorënner Gerécher déi manner angeneem sinn, a Gerécher vun deenen e quasi net genuch kritt.

Egal wou een higeet, et hëlt een iwwerall Gerécher op, mol méi, mol manner intensiv. Och wann de Mënsch bei wäitem net esou gerochempfindlech ass wéi eng Katz, riche mir verschidde Saache besonnesch gär. Fir déi eng ass et de Geroch vu Blummen, fir déi aner de Reen a fir nach anerer d'frësch geméintent Gras.

Mir ware mam Mikro ënnerwee fir no de Gerécher ze froen, déi iech glécklech maachen:

Lauschtert hei eran!