Zu Esch goufen et di lescht Wochen eng Rei Mini-Concerter vu Zero Point Five. Déi sollten u sech dëse Summer iwwer an Amerika op Tour goen.

D'Lëtzebuerger Band Zero Point Five huet an Zesummenaarbecht mam Syndicat d'Initiative vun Esch kleng Concerten an den Escher Quartieren organiséiert. En Donneschdeg den Owend war well hire véierte Concert zu Esch-Neiduerf. 80 Fans waren um ausverkafte Concert. Jiddereen hat sou wéi d'Corona-Reegelen et virgesinn, eng Sëtzplaz.

D'Eldo-Chrissi war fir eis um Concert, hei seng Andréck:

D'Plaz war summerlech gerecht mat Lagerfeier a Bier-Girlanden déi engem en richtegt gutt Vakanze-Gefill ginn hunn. Verschiddener souzen op Beach Still, anerer op normale Still. Coronavirus-gerëscht waren all d'Plaze wäit auserneen an d'Leit hunn hir Mask missten unhunn soubal se vun hire Plazen opgestane sinn. Fir Iessen a Gedrénks war och gesuergt. Fest Plaze goufen et keng, mee et huet ee vun iwwerall gutt héieren a gesinn.

Kuerz virum Sonnenënnergang ass et dunn géint 20h30 lass gaange mam Concert. Obwuel een net duerft opstoe fir ze danzen, hunn d'Leit gutt mat geklappt a gesongen an doduerch och eng gutt Laun verbreet. D'Grupp huet um Concert nëmmen zu 3 gespillt, mee di elektresch Gei an de Banjo hunn engem d'Gefill ginn, et géing een de Summer an Amerika sëtzen. En extra Punkt gouf et un de Gittarist, deen och nach gläichzäiteg Mondharmonika gespillt huet.

Si hunn am Ganze 27 Lidder gespillt mat 2 Zugaben. Natierlech hunn se net nëmmen hir eege Lidder gespillt, mee och 10 Covere fir matzesangen, wéi zum Beispill 'Country Roads' vum John Denver, mee och méi nei Hits wei 'Dance Monkey' vun Tones and I. Jiddefalls eng mega flott Atmosphär an e flotte Concert, deen iwwer 2 Stonne gedauert huet an och dréngend néideg war no sou laanger Zäit ouni Live Musek.

Domadder gi mir hinne 5 Chikoe fir e gelongene Concert wärend der Coronazäit.

Wann een si och wëll live gesinn, dann huet een d'Chance nach an der Cité verte den 8. August oder um Belval Autokino de 6. August zesumme mam Film 'Can you keep a secret?'

Hei d'Impressioune vun der Band a wéi et zu dëse Concerte komm ass: