D'Pandemie hat een Afloss op d'Aarbecht vu ville Leit. Mee och op den Alldag vun de Studenten. Dofir hat och d'ACEL vill ze dinn.

Och bei der lëtzebuergescher Studentevereenegung huet d'Pandemie wéinst dem Coronavirus fir vill Aarbecht gesuergt. Fir d'Studenten hei zu Lëtzebuerg an och am Ausland, gouf et vill Veronsécherung, Angscht ëm hir Studien, an och hir finanziell Lag.

Lauschtert hei dee ganze Reportage!

Besonnesch bei de Studentenjobs, gouf et trotz CDDen vill Problemer, esou de Benjamin Kinn, Vize-President bei der ACEL.

Benjamin Kinn iwwert CDDen

Well eebe ganz vill Studenten duerch de Verloscht vun hirer Aarbecht och finanziell Enkpäss kruten, war ee bei der ACEL frou, dass d'Studenten do bei der Bourse net ganz vergiess goufen.

Benjamin Kinn iwwert Härtefäll

Nieft der Méiglechkeet esou een Antrag ze maache beim CEDIES, deen aus 1'000 Euro zousätzlech bestanen huet, gouf nach eng weider Propose vun der ACEL bei de Boursen applizéiert.

Benjamin Kinn iwwert Neies bei der Bourse

Ab dem 1. August also, kann een do seng Demande maachen. Trotz Summer ass elo awer net onbedéngt Vakanz bei der ACEL, esou de Sven Bettendorf.

ACEL ass weider fir Studenten do!

Et wäert een also och an deene nächste Woche weider een Uspriechpartner fir d'Studente bleiwen.