Trotz Pandemie soll d’Zeremonie 2020 esou normal wéi méiglech ofgehale ginn.

Iwwerall gi Concerten, Festivals an och soss Events ofgesot, verréckelt oder digital ofgehalen. Ma d’VMAs sollen och dëst Joer net just via Livestream mee op der Bün ofgehale ginn, esou den Andrew Cuomo, Gouverneur vun New York. Dat heescht awer net, dass ee sech net un d’Mesurë géif halen. Am Brooklyn’s Barclays Center soll den 30. August deemno limitéierten oder och guer kee Public sinn a just d’Optrëtter solle live vun der richteger Bün kommen. Wéi eng Staren do genee present wäerte sinn, dat gouf awer nach net annoncéiert. Dofir koumen de Freideg d’Nominatiounen an d’Kategorien eraus.

Mat jeeweils 9 Nominatiounen sinn d’Lady Gaga an Ariana Grande d’Favoritte vun dëse VMA’s, virun allem duerch hir "Chromatica"-Kollaboratioun "Rain on Me" kënne si sech deen een oder anere Präis erwaarden.

Och d’Billie Eilish an The Weekend si méi dacks an de verschiddene Kategorie vertrueden, fir genee ze sinn 6 Mol. D’Sängerin zum Beispill mat senger Single "everything i wanted" fir Video a Song of the year an de Museker fir "Artist of the Year" a "Best R&B".

Ma och wann een d’Zeremonie selwer esou normal wéi méiglech ofhale wëll a keng Quarantän Sessioun draus maache wëll, huet een déi ongewéinlech Lach aktuell zur Kenntnis geholl. Direkt 2 nei Kategorie hunn et an d’MTV Music Video Awards gepackt. Engersäits sicht een nom beschte Museksvideo, dee vun doheem aus gedréint gouf. Heivir si Kollaboratioune wéi  Ariana Grande an Justin Bieber nominéiert, genee esou wéi den Drake oder och Twenty One Pilots.

Lauschtert eran

An da gëtt och nach déi bescht Quarantän-Performance ausgezeechent. Nominéiert hei sinn den John Legend mat der "together at home series", de Post Malone mam "Nirvana Tribute" an d’Lady Gaga mat Smile vun "one world together at home".

Hei fannt dir d'Nominéierungen am Iwwerbléck:

Video of the Year

Billie Eilish: "Everything I Wanted" – Darkroom / Interscope Records

Eminem ft. Juice WRLD: "Godzilla" – Shady / Aftermath / Interscope Records

Future ft. Drake: "Life Is Good" – Epic Records / Freebandz

Lady Gaga with Ariana Grande: "Rain on Me" – Streamline / Interscope Records

Taylor Swift: "The Man" – Republic Records

The Weeknd: "Blinding Lights" – XO / Republic Records

Artist of the Year

DaBaby – SCMG / Interscope Records

Justin Bieber – RBMG / Def Jam

Lady Gaga – Streamline / Interscope Records

Megan Thee Stallion – 300 Entertainment

Post Malone – Republic Records

The Weeknd – XO / Republic Records

Song of the Year

Billie Eilish: “Everything I Wanted” – Darkroom / Interscope Records

Doja Cat: “Say So” – Kemosabe / RCA Records

Lady Gaga with Ariana Grande: “Rain On Me” – Streamline / Interscope Records

Megan Thee Stallion: “Savage” – 300 Entertainment

Post Malone: “Circles” – Republic Records

Roddy Ricch: “The Box” – Atlantic Records

Best Pop

BTS: “On” – Big Hit Entertainment

Halsey: “You Should Be Sad” – Capitol Records

Jonas Brothers: “What a Man Gotta Do” – Republic Records

Justin Bieber ft. Quavo: “Intentions” – RBMG / Def Jam

Lady Gaga with Ariana Grande: “Rain On Me” – Streamline / Interscope Records

Taylor Swift: “Lover” – Republic Records

Best Music Video From Home

5 Seconds of Summer: “Wildflower” – Interscope Records

Ariana Grande & Justin Bieber: “Stuck with U” – Republic Records / Def Jam

Blink-182: “Happy Days” – Columbia Records

Drake: “Toosie Slide” – OVO/Republic Records

John Legend: “Bigger Love” – Columbia Records

Twenty One Pilots: “Level of Concern” – Elektra Music Group / Fueled By Ramen

Best Quarantine Performance

Chloe x Halle: "Do It (from MTV Prom-Athon)"

CNCO: MTV Unplugged At Home

DJ D-Nice: Club MTV Presents: #DanceTogether

John Legend: #TogetherAtHome Concert Series

Lady Gaga: "Smile" from One World: Together At Home

Post Malone: Nirvana Tribute

All d'Kategorien an Nominéiert Kënschtler/Songs fannt dir hei. D'VMAs wäerten sonndes den 30. August op MTV an online ausgestraalt ginn.