© Screenshot window-swap.com
Vakanz Doheem an awer wëllt dir friem Länner entdecken? Eng nei Plattform bitt elo genee déi Méiglechkeet.
Vill Leit verbréngen de Summer 2020 zu Lëtzebuerg. Bedéngt duerch déi méintlaang Quarantän ass de Bléck aus der eegener Fënster fir verschiddener allerdéngs relativ langweileg ginn. D'Plattform Window-Swap bitt do eng Léisung.
Leit weltwäit kënnen d'Vue aus hirer Fënster als Video vun 10 Minutten um Site eroplueden. Esou kann een sech duerch déi eenzel Fënstere klicken. Mol ass een zu Paräis, mol zu New York, mol zu San Francisco oder och an Indien.
Ze gesi ginn et nieft Landschaften och Héichhaiser, Chantieren, Déieren an och verschidde Balconen. Vill Videoe sinn och mam passende Sound.
Eng Plattform mat Sucht-Potenzial, déi wéinstens online e gewëssent Vakanze-Feeling vermëttele kann.
Hei iwwregens d'Vue aus der Fënster vun der Eldo-Redaktioun um Kierchbierg.
© Eldoradio