© Pexels
All Land geet anescht mat de Masken ëm. An ëmmer méi Länner ginn d'Masken awer Flicht. Wien se vergësst riskéiert awer deels fatzeg Strofen
Méi oder manner? Dat ass eng Fro déi een sech alt emol ka stelle, wann et drëms geet Leit ze bestrofen déi hir Mask net un hunn. Wann ee seng Mask eemol vergiess huet, ass een natierlech net frou wann een elo eng Strof bezuele misst. Et geet mat de Strofen awer natierlech éischter drëms déi Leit ze decouragéieren, déi keng Mask wëllen undoen.
Ma hei zu Lëtzebuerg riskéiert een jo eng Strof vun 145 Euro. Dofir hu mer Iech gefrot, wat dir esou iwwert d'Héicht vun dëser Strof denkt. Souwuel op der Strooss wéi och bei eis um Site vum Eldo. An do war d'Äntwert ganz eendeiteg: 62% vun den Eldo-Nolauschterer sinn der Meenung, dass d'Strof nach roueg kéint méi héich sinn. Ma 27% hunn awer fonnt, dass een elo schonn eigentlech genuch bezilt, wann ee seng Mask net un huet. An 11% waren dann awer komplett dogéint, dass et iwwerhaapt ee Protokoll gëtt am Fall wou een ouni Mask ënnerwee ass.
A wéi gesinn d'Strofen op anere Plazen aus? Ma um Schiphol zu Amsterdam gouf eng Persoun mat enger säfteger Strof empfaangen. Dat nodeems se refuséiert hat eng Mask wärend dem Fluch unzedoen. No der Landung waren dann emol direkt 300 Euro gefrot ginn. Et geet awer nach besser: am Katar huet ee wierklech besser seng Mask ëmmer dobäi ze hunn. Do riskéiert een eemol Geldstrofe vu bis zu 50.900 Euro oder och een Openthalt am Prisong vu ganzer 3 Joer.