Oh wann et dobausse mol méi hëtzeg ass, heescht dat net, dass ee sech net sportlech dierf aktivéieren. Et muss een hei just op Verschiddenes Uecht doen.

Lauschtert eran

Virun allem wann et dobaussen hëtzeg ass, kéint ee mol Loscht kréie fir zum Beispill Beach Volleyball spillen ze goen. De Spaass steet natierlech hei am Fokus, ma et dierf een awer net vergiessen, dass domat och eng grouss kierperlech Ustrengung erfir kënnt. Dat gëllt natierlech fir all Sport deen ee bei héichen Temperaturen dobausse mécht.

Wichteg ass hei drénken, drénken, drénken an dat net just virun der Beweegung mee och scho virdrun. Och ouni Sport produzéiert de Kierper Hëtzt, beweegt ee sech nach dobäi, klëmmt de Waaserbesoin natierlech nach méi. Wärend der Aktivitéit soll een dann all 15 bis 20 Minutten e bësse Flëssegkeet zou sech huelen.

Ma och op d’Ernärung soll een oppassen. Op schwéier Moolzechte mat vill Fett, déi opwänneg verdaut ginn an domat zousätzlech Energie verbrauchen,  soll ee virum Sport verzichten. Iesst also net ze vill a gräift virun allem op Uebst oder Geméis zeréck. Do ass net nëmme vill Waasser dran, mee och nach Vitaminnen a Mineralstoffer. Wichteg ass hei, genau esou wéi beim drénken, net ze kal Saachen zou sech ze huelen, well déi vun eisem Kierper mol op Kierpertemperatur mussen erhëtzt ginn an domat onnéideg Energie verschwenden.

Net ze vergiessen ass d’Kleedung. Wann ee vill an der Sonn ass, ass et virun allem mol wichteg sech anzecrèmen. Domat ass et awer nach net gedoen. Och wann ee mengt sech net dauernd an der praller Sonn ze befannen, soll ee permanent eppes um Kapp hunn. Eng Kap, en Hutt oder soss eppes wat ee virun der Sonnenawierkung schützt.

Sport maachen an der Hëtzt ass also keen No-Go, et muss ee sech just u verschidde Reegelen halen.