Verschidde Leit kréien es net genuch vum Emaarmen an anerer meiden et am léifste ganz.

Zënter der Coronakris huet sech villes verännert, och beim Begréisse muss ee mëttlerweil ëmmer zwee Mol iwwerleeën wéi een dat mécht. Mee och scho virdrunner huet een den Ënnerscheed tëschent dem leidenschaftlechen Emaarmen - an dem méi distanzéierten "Händeschütteler" gemaach.

Wéi villes ass och déi Preferenz op eis Kandheet zeréck ze féieren. Eng Etüd huet nämlech bewisen dass Kanner déi vill gedréckt goufen och als Erwuessener éischter Tendenz dozou hunn de Géigeniwwer bei der Begréissung an den Aarm ze huelen. Déi Leit gesi Kierperkontakt als essentiellt Element vun hirer emotionaler Erzéiung a verbanne positiv Gedanken domat.

Kanner déi allerdéngs ouni vill Kierperkontakt opgewuess si schrécke scho beim Gedanke vun enger Emaarmung of. Dëst kann awer och de Géigendeel bewierken. Erwuessener deenen et an der Kandheet u Kierperkontakt gefeelt huet sichen also spéider em sou méi Kontakt fir de Mangel ze kompenséieren. E Mangel u Kierperkontakt kann awer och psychesch Auswierkungen hunn.

Doduerch gëtt den Hirnnerv dee fir d’Intimitéit an d’Leidenschaft zoustänneg ass net richteg developpéiert. Grondsätzlech huet eng Persoun déi gär emaarmt et net nëmme méi einfach fir eng Bindung zu anere Mënschen opzebauen - mee sinn och méi gesond. Beim Emarmen, geet eise Bluttdrock erof,  eis Ängscht loossen no an och eist Selbstbewosstsinn klëmmt.

Op d’Fro wat d’Leit am meeschte glécklech mécht, kënnt nach viru Sex Vakanz oder Natur - eng Emaarmung.

Lauschtert hei!