© Pixabay
Wou Mënsche si geschéie Feeler! Ma dëst Natur-Gesetz schléit och am soss esou perfekten Hollywood ëmmer nees zou.
Kaffibecher a Waasserfläsch an de Westeros?
D'Serie Game Of Thrones spillt an enger fiktiver Welt, déi vun der Technik hier éischter am Mëttelalter sëtzt. Ma dofir ass de Fans vun der Serie och direkt opgefall, wéi um Dësch mam Daenerys an Jon Snow op eemol einfach ee Starbucks Becher stoung. An net nëmmen de Kaffisbecher huet näischt am Land vum eisernen Troun ze sichen. An enger weiderer Zeen hate sech do direkt zwou Waasserfläschen bei de Féiss vun de Schauspiller verstoppt.
Ee Stormtrooper mat Kappwéi
Wann een den Darth Vader als Chef huet, muss een als gudde Stormtrooper och follegen. Egal wéi héich oder niddreg de Wee bis dohin ass. Ma am Star Wars Film "A New Hope" kënnt eng Grupp vu Stormtrooper an de Kontrollraum era gelaf. A fir ee vun hinnen war d'Entrée méi spektakulär wéi geduecht. Beim Eralafen ass een mam Kapp ageknuppt. De Schauspiller Laurie Goode, hat eigentlech domat gerechent, dass en guer net am Bild wier, an d'Zeen dowéinst och ni an de Film géing komme. Falsch geduecht! Den tollpatschege Stromtrooper ass och haut nach beléift bei de Fans.
De Stroossekierer deen d'Loft kiert
Wann een an der Géigend vum 007 héchstperséinlech ass, kann een emol nervös ginn. Esou muss et op mannst engem Statist gaange sinn, deen am Film "Ein Quantum Trost" ee Stroossekierer gespillt huet. An der Zeen gesäit een den Daniel Craig aka James Bond um Motorrad setzen. Am Hannergrond, ass een am gaange mat enger Kierbiischt ze hantéieren. Amplaz iwwert de Buedem ze fueren, fuchtelt de Mann awer mat der Biischt an der Loft ronderëm. Villäicht och eng nei Alternativ géint Loftverschmotzung virzegoen?
De Raj schwätzt!
Et ass eng Zeen déi de Fans vu Big Bang Theory séier opgefall war. Dem Rajesh Koothrapali säi Running-Gag ass ganz laang, dass dem scheie Kärel d'Wierder am Hals hänke bleiwen, soubal eng attraktiv Fra an der Géigend ass. Ee Witz deen och konsequent duerchgezu gëtt. Ausser an enger Folge. Méi genee an der 7. Episode vun der éischter Staffel, déi "The Dumpling Paradox" heescht. Do bréngt de Raj et fäerdeg souguer ee ganze Saz ze soen, obwuel d'Penny am Raum steet.