© Unsplash
Wie fir déi nächst Vakanzen no verréckte Reesziler sicht, kann elo seng Lëscht completéieren ! Hei e puer Hoteller déi der net sou séier vergiesse wäert...
- Den Ice Hotel Jukkasjarvi:
Dëse skurrillen Hotel fënnt een a Schweden. Bei -5 Grad Zëmmertemperatur duerf een do iwwernuechten. Gutt datt een awer eng Hirschfelldecken an e Schlofsak um Zëmmer huet. Fir de Rescht besteet praktesch di ganz Bannenariichtung aus Äis. 60 Zëmmer a Platz fir 140 Persoune bitt den Hotel, fir deen eng ronn 30.000 Tonne Schnéi a 4.000 Tonnen Äis verschafft goufen. Jee no Saison kascht een Iceroom fir 2 Persounen em 390 Euro pro Nuecht.
- Green Plaza Shinjuku Capsule Hotel, Tokyo Japan:
De Shinjuku Capsule Hotel ass näischt fir Leit mat Platzangscht; Iwwernuechte mécht een nämlech an enger Plastikkabinn vun 2m² an 1,20 Héicht. Dësen "Kapselhotel" ass entstanen, well d'Leit no enger präiswäerter Alternativ gesicht hunn. Fir eng Nuecht bezilt een am Duerchschnëtt 25 Euro. Am Präis mat dra sinn eng Matrass, ee Fernsee an e Radio. Gemeinschaftstoilettë ginn et och.
- Crane Hotel Faralda, Amsterdam:
Wee wollt net emol héich an der Loft iwwernuechten. An dem Crane Hotel Faralda ass dat méiglech! An 50 Meter Héicht schléift een an engem alen Hafenkran. D'Suitten vum Hotel gi vu ganz modern bis hin zum hypen Industrial-Style. Ween sech eng kleng Auszäit gënne well, kann dat am Whirlpool um Iwwerdeck vum Crane Hotel maachen a beim Bléck op Amsterdam entspanen.
- Atlantis Hotel, Dubai:
Den Atlantis The Palm zu Dubai ass ee Luxushotel an den Arabeschen Emiraten. Nieft sengen iwwer 1500 Zëmmer ginn et op dräi Etagen och zwou Suitten ënner Waasser. An dësen huet een eng otemberaubend Vue op een hauseegenen 11 Millioune Liter Aquarium voll mat Haien, Rochen an anere Mieresdéieren. Och private Butler an een Jacuzzi aus Marmer sinn am Präis mat dran. Deen ass awer net ganz bëlleg; Fir eng knapp 170m² bezilt een d'Nuecht 3.200€.