D'Santé gëtt zënter kuerzem all Woch e Rapport iwwert d'Woch virdrun eraus. Dëse soll Detailer zu den Corona-Infektiounszuele liwweren.

D'Woch virdru waren et 695, fir d'Period vum 27. Juli bis 2. August goufe 525 nei Corona-Fäll hei am Land gezielt. Op den 2. August gekuckt waren am Ganzen 1.241 Infektiounen aktiv, géintiwwer 1.396 den 30. Juli. Nodeems d'Zuel bei den Doudesaffer laang konstant war, goufen hei 6 weider Doudeger gezielt, déi d'Folge vum Virus net iwwerlieft hunn. D'Regierung setzt nieft de groussflächegen Tester och op den Tracing: Hei goufe lescht Woch 3.521 Kontakter zréckverfollegt.

An enger Woch iwwer 67.000 Tester gemaach

Et si virun allem méi jonk Leit, déi sech rezent infizéiert hunn. Den Duerchschnëttsalter läit de Moment bei 36 Joer. Bei iwwer 50-Järege gouf awer och eng entspriechend Hausse registréiert. D'Proportioun vun de symptomatesche Leit ass iwwerdeems vu 66 % op 58 % erofgaangen. Wat d'Tester ugeet: Am Ganze goufen där der 67.022 gemaach, dorënner 54.450 geteste Residenten. D'Woch virdru goufen am Ganzen eng 82.931 Tester duerchgefouert.

155 Fäll an der Famill festgestallt

D'Santé huet zu den Neiinfektioune weider interessant Detailer ginn. 155 Fäll konnten op eng Kontaminatioun bannent der Famill zréckgefouert ginn. 3 Infektiounsgruppe goufen an Etablissementer vun der Santé fonnt. An esou e Grupp fale 4 weider Betriber, dat mat engem Maximum vun 8 Fäll. Als Cluster bezeechent een eng Grupp, bannent där sech méi wéi 3 Persoune vun der nämmlechter Gemeinschaft bannent 7 Deeg ugestach hunn.

Vill Leit hale sech net u Quarantän-Moossnam

Eppes, wat der Regierung weider Suerge mécht an e grousse Problem duerstellt si Leit, déi sech net un d'Quarantän halen. Ee Grond dofir wier d'Vakanzenzäit: Grad am August geet et fir déi meescht an d'Ausland. Obwuel den Test positiv oder ee mat enger infizéierter Persoun a Kontakt war, geet et an d'Vakanz. Lescht Woch goufen 1.900 Leit a Quarantän geschéckt, 1.329 an Isolatioun. Wien dës Moossnamen net respektéiert, muss mat enger Geldstrof vu 25 bis 500 Euro rechnen.

© Santé

© Santé

© Santé

© Santé