Stänneg kritt een nei Informatiounen zum Thema Coronavirus an dorënner verstoppe sech ëmmer rëm Fake News.

Zënter Méint gëtt eist Liewe vum Covid-19-Virus bestëmmt. All Dag kommen nei Fakten an Informatiounen zum Virus a senger Entwécklung eraus an dorënner verstoppen sech eng Partie falsch Informatiounen. A grad déi ginn haaptsächlech als Kettebréif via WhatsApp weidergeschéckt

Aus dem Grond huet WhatsApp dann elo och eng nei Funktioun agefouert déi den Artikel oder de Message kontrolléiert an uweist ob e stëmmt oder ob et sech ëm Fake News handelt. Wann een eng Noriicht geschéckt kritt bei där een sech net sécher ass, kann een op déi Funktioun zeréckgräifen. Doduerch gëtt een op eng Internetsäit weidergeleet déi alles fir ee kontrolléiert.

D’App huet präziséiert dass beim Fakten-Check den Inhalt vun der Noriicht net u WhatsApp weider geleet gëtt.

Bis ewell kann een d’Funktioun nëmmen a 7 Länner benotzen. Se soll awer deemnächst weltwäit funktiounsfäeg sinn. Dat souwuel op Android, iOS wéi och op WhatsApp Web.

An deene leschte Joren huet sech WhatsApp ëmmer rëm géint d’Verbreedung vu falschen Informatiounen agesat. Zanter Januar 2019 zum Beispill kann een eng Noriicht nëmmen nach 5 Leit gläichzäiteg weiderleeden, virdrunner konnt een se un 260 Leit weiderschécken. Och gëtt engem zënter Abrëll ugewisen, wann een e Message kritt, deen net aus éischter Hand kënnt.

Am beschten ass et ëmmer nach et hannerfreet een a kontrolléiert ee seng Quelle selwer.

Lauschtert eran!

Whatsapp Faktencheck