Haut ass den internationalen Dag, un deem ee mat den Zéiwe wackele soll. Och si hunn ee Recht op Fräiheet! Mee firwat hu mer iwwerhaapt Zéiwen?

Eis Hänn a virun allem eis Fangere si wichteg. Mer benotzen se konstant, an duerch d'Fangere kënner mer eis zum Beispill am Däischteren duerch d'Géigend taaschten. Mee wéi gesäit et méi wäit ënnen aus, mat den Zéiwen?

Lauschtert hei eran!

Ma eis Zéiwe si wichteg an och gläichzäiteg net! Mer brauchen eis Zéiwen allgemeng virun allem beim Trëpplen. Ronn 75% vun der Zäit déi mer Trëppele, sinn eis Zéiwe mam Buedem am Kontakt. Et gëtt awer eng Zéif déi den Toun ugëtt, an och eigentlech als eenzeg nach eng droend Funktioun huet: déi déck Zéif!

Allgemeng brauche mer eis Zéiwe fir am Gläichgewiicht ze bleiwen. An do ass d'déck Zéif déi, déi effektiv am meeschten vun der Verantwortung ze droen huet. Duerch eis déck Zéif ass et eis iwwerhaapt méiglech oprecht ze goen an ze lafen. Wann een sech zum Beispill déi déck Zéif brécht, an des doduerch komesch ewech steet, kann ee richteg Schwieregkeeten ze kréien iwwerhaapt ze trëppelen. Am Fall wou der duerch iergendee Grond är déck Zéif verléiere géift, misst der intensiv Reeducatioun maachen. Äre Fouss misst nämlech léieren elo d'Gewiicht anescht ze verlageren, an aner Regioune vum Féiss stäerken. Déi aner Zéiwe ënnerstëtzen déi déck Zéif eigentlech just.

Iwwregens: doduerch, dass déi déck Zéif esou wichteg ass, lafen och vill méi Nerven do zesummen. Dat ass dann och de Grond, firwat et esou onmoosseg wéi deet, wann ee mat der décker Zéif arennt. Dir braucht iech also net ze schumme, wann der iech d'Péng vun der Séil fluche wëllt.