© Unsplash
Net just Mënsche kënnen den Influencer a sech entdecken…
Dir kennt bestëmmt alleguerten nach de Boo oder d’Grumpy Cat, déi wuel bekanntsten déieresch Social Media Staren, déi mëttlerweil zwar e Kultstatus erreecht hunn awer leider net méi ënnert eis sinn. Ma dofir ginn et eng ganz Partie aner Internet Staren op 4 Been.
Jiffpom
Mat 10.6 Millioune Follower kann een de klenge Mupp mam Numm Jiffpom definitiv als Star bezeechnen. Ëmmer gutt gelaunt an ëmmer passend an Zeen gesat, begeeschtert den Hond am Teddy-Look Fans weltwäit.
Juniperfoxx
2.9 Millioune Follower zielen den Juniper a seng Frënn op Instagram a beweisen: Berüümt Déiere mussen net onbedéngt zu den üblechen Hausdéiere gehéieren. Sief et Fuussen oder Opossumen, d'Stare vun dësem Account goufen all gerett, liewen elo zesummen an enger Adoptivfamill a begeeschteren d'User mat hiren deeglechen Eskapaden.
Chew_paca
Mir bleiwe bei den éischter ongewéinlechen Hausdéieren: Den Chewy ass en Alpaka, dee ronn 211.000 Follower begeeschtert. Seng Besëtzerin an hie wunnen an Australien, Adelaide, an deele Momenter aus dem flauschegen Déier sengem Liewen. Zanter 4 Joer zielt den Chewy schonn zu der Famill a muss einfach just süüss ausgesi fir seng Follower frou ze maachen.
Sukiicat
Eng Kaz ass do scho méi e gewéinlecht Hausdéier, ma d'Suki gesäit net onbedéngt aus wéi eng gewéinlech Kaz - Et ass nämlech eng Bengalkaz, och nach Leopardkaz genannt. Hiert exotescht Ausgesinn zitt mëttlerweil schonn 1.9 Millioune Follower un, déi d'Reese vun der Kaz begleeden. Souguer e Buch "Travels of Suki the Adventure Cat" ass mëttlerweil dobaussen.
Marutaro
Dësen déieresch Star mam Numm Marutaro huet seng Karriär als Trouschtspender fir Tsunami- an Atomkatastrophenaffer vu Fukushima ugefaangen. Mëttlerweil verdeelt e säin Trouscht a virun allem Freed op engem internationale Level. De Shiba Inu, deen ëmmer laacht, zielt 2.5 Millioune Follower.