Leit, déi schaffe musse goen, hunn och soss keen anere Choix, wéi vill ze drénken a kierperlech Ustrengungen z'evitéieren.

Vir ewech: E gesetzlecht Reglement, wéi héich d'Temperaturen op der Aarbechtsplaz dierfe sinn, ass bis ewell nach ëmmer net virgesinn. Deemno kritt een net automatesch fräi, wann den Thermometer klëmmt. D'Aarbechtsrecht gesäit awer vir, dass bei "schlechte Wiederkonditiounen" de Patron beim Ministère ufroe kann, fir d'Aktivitéit anzestellen an op Chômage zréckzegräifen.

De Patron muss och d'Sécherheet a virun allem d'Gesondheet vu senge Mataarbechter assuréieren, grad bei esou extremen Temperaturen, wéi mer se aktuell bei eis hunn. D'Aarbechtsplaz ka sech bei 34 Grad Baussentemperatur séier an en Uewe verwandelen, deemno muss d'Temperatur iwwerwaacht ginn. Der ITM no ass dat eng vun den Obligatioune vum Patron.

Wann néideg sollt Equipement ugeschaaft ginn, fir d'Raim ze killen: Klimaanlag, Ventilator oder Rolllueden. Donieft muss de Recommandatioune vun der IITM no genuch a virun allem temperéiert Waasser disponibel sinn. D'Aarbecht dobaussen, op engem Chantier zum Beispill, sollt vill Plazen am Schied virgesinn. Och hei gëllt: genuch drénken, der ITM no 3 bis 4 Liter.

Aarbechten an der Géigend vu Goudron, Bëtong oder Blecher sollten evitéiert ginn. Wéi d'ITM schreift sollt dem Aarbechter eng mechanesch Hëllef zur Verfügung stoen, fir eben déi kierperlech Ustrengung op e Minimum ze reduzéieren. Grad dobausse sollt déi passend Schutzkleedung assuréiert ginn: Kappbedeckung, Sonnebrëll, lëfteg Kleedung, awer natierlech och Sonnecrème.