Vakanz, Sonn a Temperature vun iwwer 30 Grad. De Summer ass do an dozou feelt nëmmen de richtege Snack

Och zu Lëtzebuerg ass de Summer voll amgaangen. Dat eenzegt wat bei esou héingen Temperature sënnvoll ass, ass sech bei d’Waasser zeleen an opzepassen dass een net verbrennt. An wann ee schonn déi ideal Platz huet da feelt nëmmen nach de passende Snack fir bei dem waarme Wieder ofzekillen. Well ganz éierlech wien well scho bei iwwer 30 Grad eppes Waarmes a Fetteges iessen!? Mir hunn iech déi bescht Snacks rausgesicht fir gutt duerch de Summer ze kommen.

1. Gefruere Friichten

Dat kann een eigentlech mat alle Friichte maachen am beschte schmaacht et awer mat Äerdbieren oder Hammbieren. Dofir muss een d’Friichten nëmme wäschen, ofdréchnen an dann fir e puer Stonnen an de Tifküler stellen.

2. Gefruere Waassermeloun

Dass Waassermeloun de perfekte gesonde Summersnack ass, wësse mer scho mee hu der mol gefruere Waassermeloun probéiert? Et schneid een d’Waassermeloun ganz normal a kleng Stécker a leet och dës fir e puer Stonnen an de Freezer. Doduercher gëtt se  nach méi frësch an de Gout kënnt souguer nach méi eraus.

3. Mango an Äerdbier Glace

Mat de waarmen Temperature gräift ee gäre mol op Glacen zeréck. Déi sinn awer oft immens Kalorië räich, am beschten et mëscht een se also einfach selwer. An dofir brauch een déi gewënschte Friichte wéi Mango an Äerdbieren, bëssen Zitrounejus a Waasser, Jugurt oder Kokosnoss Mëllech. Et Mixt een alles bis op d’Äerdbieren, géisst dann de Mix an d’Glace Formen a leet hallef Äerdbieren dobäi. Nëmmen nach fir puer Stonnen an de Freezer an dann heescht et einfach genéissen.

4. Avocado Toast

Op am Summer oder am Wanter: den Avocado Toast geet ëmmer. Richteg erfrëschend an immens séier ze maachen. Dofir brauch een eng Avocado, Brout, eng Limette a Granatapel fir de frëschen Touch. Avocado kleng maachen oder kuerz mam Limettejus an de Mixer. Dat ganzt op d’Brout schmieren a bësse Granatapel fir den Topping. Alternativ kann een do och kleng geschnidden Tomaten huelen.

Lauschtert eran!