An de soziale Medien gëtt en Hëllefsruff lancéiert, fir all déi a vun deenen, déi am Beräich vun Events, Kultur, Musek a Co. schaffen.

De Coronavirus huet eis och elo nach fest am Grëff, och wann déi éischt Mesure gelackert goufen a verschidden Events nees méiglech sinn - Dat natierlech ënner strenger Opsiicht an net méi esou wéi virdrun. Aus Concerte mat honnerte vu Leit, si Sëtz- oder Autosconcerte ginn, déi eng iwwerschaubar Unzuel vu Visiteuren zielen. Events gi weiderhi gecancelled an och soss kämpfe Kënschtler, Museker an aner Mataarbechter am kulturelle Secteur ëm d'Iwwerliewen. Et ass de Mangel u Perspektiven an d'Gefill am Stach gelooss ze ginn, déi vill Leit elo dozou beweegt hiert Profilbild op Facebook ze änneren.

Villäicht hutt der et scho bei Frënn oder Bekannte gesinn: Aus dem normale Profilbild ass quasi eng Zort "crime scene" ginn, dat Gefill kritt een op alle Fall wann ee sech dat oranget Kräiz iwwert der Foto ukuckt. Et ass wéi en Ofspärbändchen, dat iwwer d'Bild geluecht gëtt, mat der Opschrëft "Sound of Silence", den Akronym: SOS.

Ugefaangen huet et wéi et ausgesäit an der Belsch. Hei fuerderen d'Kënschtler méi Ënnerstëtzung vun der Politik, déi Enn Juli d'Mesuren nees verschäerft haten. Am belsche Kultur-Secteur schaffe ronn 80.000 Mënschen an déi wiere sech elo ebe mat engem Protest an de sozialen Netzwierker. An Däitschland sinn et der souguer ëm déi 150.000, déi ëm hir Existenz kämpfen an och do ginn d'Stëmmen ëmmer méi haart. Ma och hei zu Lëtzebuerg gesäit ee scho verschidde Profilbiller, déi vum "Sound of Silence"-Mouvement gepräägt ginn. Ob an a wéi fern dëse Protest elo eppes ännere kann, dat bleift ofzewaarden - En Zeechen, dass och dës Beruffer systemrelevant sinn an net dierfen zréckgelooss ginn setzt den digitalen Hëllefsruff awer op alle Fall.