Mythen a Rumeure ginn et och a Punkto Reegelen am Stroosseverkéier, ganz besonnesch wat d'Eenzelheeten a Punkto Parken ugeet.

Lauschtert eran!

D'Reegelen, déi am Stroosseverkéier gräifen, sinn eigentlech kloer an duerch de Code de la Route festgeluecht. Et gëtt also net vill Spillraum fir Interpretatiounen. Esou ganz richteg ass dat net. Dir kennt et sécher selwer: E Kolleeg zielt iech eppes. Hien ass sech zwar net ganz sécher, dass dat esou ass, mee huet dat scho vu lénks a riets héieren – da muss et dach stëmmen! Oder?

Sou ass et iech vläicht scho bei folgender Ausso gaangen: "Wann däi Parkticket ofgelaf ass, hues de nach 5 Minutten ze gutt, bis dass de ee gepecht duerfs kréien. Dat ass gesetzlech esou festgeluecht." Och wann dat ganz grousszügeg kléngt, vill Woueres ass hei net drun. Ass de Parkticket bis ofgelaf ass, kritt een net nach eng Iwwergangsphas gutt geschriwwen.

Dat huet eis den André Schaack, Verkéiersexpert bei der Police, am Eldo-Interview confirméiert. Eng Neierung gouf viru puer Joer awer agefouert: Et géif net am Verhältnis stoen, wann een Ticket 5 Minutten an en aneren eng Stonn ofgelaf ass. Et ass dofir esou, dass en neien Taux agefouert ginn ass. Ass den Ticket manner wéi 30 Minutten ofgelaf, kascht et 12 Euro.

Natierlech huet jidderee vun eis och scho Chance gehat, respektiv huet een et gutt mat engem gemengt. Ass de Parkticket eréischt e puer Minutten net méi valabel, weist de Pechert dacks Verständnis, dréit nach eng Ronn a kënnt dann erëm. Et muss ee sech awer och bewosst sinn, wann een einfach guer net ageheit, dass een dofir direkt e Protokoll kasséiert.