Am mexikanesche Bundesstaat Oaxaca dierfe keen Junkfood a keng Softdrinke méi u Kanner a Jugendlecher verkaf ginn.

Zënter Joren huet déi mexikanesch Bevëlkerung mat Iwwergewiicht ze kämpfen. Ma domat soll elo Schluss sinn.

Vill Mexikaner ernäre sech ongesond. Diabetis a Fettleiwegkeet gëllen zu den heefegste Krankheeten. Sou sinn zum Beispill  3 vu 4 Männer ze schwéier. Och déi schlecht medezinesch Ëmstänn a verschiddene Regioune wieren ee Problem. D’Leit hätten net déi néideg medezinesch Hëllef, dofir awer masseg Cola.

Bis ewell huet Mexiko eng extra Steier op séiss Softdrinken agefouert. De Bundesstaat Oaxaca geet ee Schrëtt méi wäit an huet quasi ee Verbuet vu Fastfood a séisse Softdrinke fir Kanner a Jugendlecher decidéiert. Des solle réischt vun 18 Joer un erlabt sinn. Domat gi Burger a Co. dem Gesetz no wéi Zigaretten an Alkohol ugesinn. Wee sengem Kand zum Beispill ee Burger gëtt, ass strofrechtlech also genau sou am Feeler, wéi wann een d’Kand fëmme léisst.

D'Zil vun dëser Decisioun wier et, den ongesonde Liewensstil am Land ze änneren an déi gesond Ernierung an de Virdergrond ze stellen. Och déi aktuell Corona-Situatioun géif eng grouss Roll spillen. Den ondisziplinéierten Ëmgang mat deene séisse Speise géifen dozou féieren, dass Mexiko méi Doudeger ze bekloen hätt.

Net nëmme Mexiko, ma och aner Länner wéi Groussbritannien hu sech scho mam Thema Fettleiwegkeet auserneegesat an sou huet de Boris Johnson zesumme mat der Regierung eng Campagne géint Fettleiwegkeet lancéiert.

Lauschtert eran!