Och dat männlecht Geschlecht soll d’Haus botzen. Dat ass jiddefalls mol d’Iddi vun engem Supermarché.

Lauschtert eran

Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra ass och an eiser Zäit nach ëmmer e grousst Thema. E Mënsch ass e Mënsch a soll onofhängeg vum Geschlecht 100% gläich behandelt ginn.

Virun allem d’Klischeeën am Wee, déi an der Vergaangenheet entstane sinn: De Mann geet schaffen an d’Fra schmäisst den Haushalt. Esou war dat zu der Zäit vun eise Bomen a Bopen mol de Fall. Ma dat ass am Joer 2020 awer net méi esou. D’Frae maache genau esou hire Wee an der Aarbechtswelt ewéi de Mann, deen och elo am Haushalt méi aktiv ass wéi fréier.

Fir dem männleche Geschlecht do dann awer nach e bëssen op d’Spréng ze hëllefen ass elo, an haalt iech un, Botzmëttel fir Männer erauskomm. Wat kann ee sech do elo drënner virstellen? Ma ganz einfach: e Produit deen e maskulinen Doft huet, anescht ausgedréckt, no Holz richt.

E Supermarché mécht Reklamm mat: En Doft fir d’Männer! Och iwwert d’Social Media Plattformen ass dee Slogan scho gaangen, wat bei de Leit éischter Kapprëselen ausgeléist huet aplaz den Drang de Produit ze kafen.

Verschidde Leit, geheien dem Supermarché an de Kommentaren esouguer Sexismus vir.