Ob zu Fouss oder mam Tandem bis op d'Belsch Plage, dës Reesender si motivéiert!

Duerch d'Pandemie gesäit den alljärleche Vakanzeplang dëst Joer bei ville Leit anescht aus wéi geduecht. Aus Vakanz am Ausland ass dacks #Vakanzdoheem ginn oder och gäre mol en Ausfluch an eis Nopeschlänner. D'Catherine aus dem Eldo-Nomëtteg hat sech op d'Sich no nach méi aussergewéinleche Summer-Projete gemaach an et ass fündeg ginn.

Den Oliver geet zu Fouss bis op d'Belsch Plage

Den Oliver Waldbillig war mol Leeschtungssportler an huet sech e Projet iwwerluecht, deen him eng nei sportlech Challenge erméiglecht: Zu Fouss bis op d'Belsch Plage. Ma net just de sportlechen Aspekt huet hie gereizt, och de ekologesche Foussofdrock spillt eng grouss Roll bei dëser Rees. Him war an ass et wichteg, dass d'Leit ufänken doriwwer nozedenke wou a virun allem wéi se an d'Vakanz ginn. Den Oliver ass der Meenung jidderee kann eppes dozou bäidroe fir der Ëmwelt eppes Guddes ze doen, an dozou gehéiert eben och dorop ze verzichten 3x d'Joer mam Fliger an d'Vakanz ze fléien. Hie beweist, dass et och anescht geet, huet säi Rucksak gepaakt a seng Been zu sengem Haapttransportmëttel gemaach. De Plang war u sech alles zu Fouss ze maachen, ma well d'Temperaturen an de leschten Deeg esou extreem an d'Luucht gaange sinn, huet hie säi Projet ugepasst a mécht elo verschidden Etappe mam Zuch. Dat mécht dem 29-Järegen awer näischt aus, am Eldo-Interview verréit hien, dass et him virun allem dorëms geet säi Message eriwwer ze bréngen, selwer eng gutt Zäit ze hunn awer och Spenden ze sammele fir de gudden Zweck.

Wien dem Oliver seng Rees bis op d'Belsch Plage begleede wëll, kann dat hei maachen.

Dem Oliver säi Wee op d'Belsch Plage

Op Schratt an Tratt - d'Nadine a Sandra um Camino-Wee


Mir bleiwe beim trëppelen, ma grad esou duerchgeplangt ass d'Rees vum Nadine a Sandra net. Déi Zwee wësse wéi et ass de Jakobswee ze lafen, si hunn et nämlech eenzel scho mol gemaach. Eigentlech war dann och guer net geplangt en weideren Deel dëst Joer ze maachen, ma d'Pandemie hat, de Fraen hir ufänglech Vakanzepläng duerchkräizt an esou gouf sech séier decidéiert de Camino als Alternativ ze maachen - oder wéi d'Nadine seet "De Wee huet eis erëm geruff". Wierklech vill geplangt gouf hei net an och all ze vill Tipps, ausser déi richteg Schong mathuelen, wëllen déi Zwee net ginn. De Grond: De Jakobswee ze lafen ass eng immens perséinlech an individuell Rees.

Ob a wéi d'Kris hir Rees beaflosst huet a firwat een ëmmer oppasse sollt wou ee sech schlofe leet, dat hunn d'Nadine an d'Sandra am Eldo-Nomëtteg verroden:

D'Camino-Story vum Nadine a Sandra

Lët'z Fetz asbl - Mam Tandem op d'Belsch Plage

Net zu Fouss dofir awer och op d'Belsch Plage wëllen de Pier an de Gilles. Schonn d'lescht Joer haten déi Zwee eng aussergewéinlech Missioun: Mat engem ale Scirocco bannent 16 Deeg 23 Länner ze bereesen - Dëst Joer hu si sech en neie Projet afale gelooss. Dësen ass e gutt Stéck méi sportlech, ma och hei geet et drëms Sue fir e gudden Zweck ze sammelen. Live am Eldo-Nomëtteg hunn déi Zwee verroden, dass hinnen d'Iddi mam Tandem relativ spontan komm ass, a si och nach net esou vill op deem, dach e bëssen ongewéinleche, Vëlo trainéiert hunn. Ma trotz éischte Mëssgeschécker sinn de Gilles an de Pier zouversiichtlech, dass dat klappt. Ëmmerhin hätte si sech et an de Kapp gesat an et géif ëm eng Saach goen, déi hinnen och perséinlech um Häerze läit: D'Ëmwelt.

D'Suen, déi wärend dem Tour erakomme ginn un e konkrete Projet: D'Amenagéiere vun engem Feuchtgebietebiotop. Och wann déi mannste wësse wat genee dat ass a firwat dat eis all interesséiere sollt, hu si sech domat ausernaner gesat an am Nomëtteg erkläert wéi wichteg d'Funktioun vu Fiichtgebidder och hei am Land ass. 100% vun de Sue fléissen an dëse Projet, den Tandem an och soss d'Rees gi komplett aus der eegener Täsch bezuelt. Déi ganz Aktioun start dann den 21. August, hei kënnt dir si bei hirem Projet begleeden.

Lët'z Fetz live am Eldo-Nomëtteg