Och wann et dobaussen ëm 30 Grad sinn, ass et kee Grond d'Mask net unzedoen. Trotzdeem kann een eppes maache wann et engem dorënner mol ze waarm gëtt.

Lauschtert eran

Ech mengen et ass jo kee Geheimnis, wann ech soen, dass trotz deenen héijen Temperaturen d'Maskeflicht nach ëmmer aktuell ass an dass 30 Grad kee Grond ass d'Mask net unzedoen, wann een den Ofstand vun 2 Meter net kann anhalen.

Ganz vill Leit gräifen op Masken zeréck déi flott Musteren hunn, oder Masken déi se selwer gebitzt hunn. Dat ass natierlech net Falsch oder verbueden, just bei esou héijen Temperature roden Experten éischter op OP-Masken zeréck ze gräifen. Industriell hiergestallte Maske besti meeschtens aus engem méi liichtem Stoff duerch deen d'Otemloft besser duerchfléisst wéi déi selwer gebitzte Kottengmasken.

Wann et dann ënnert enger Mask sollt waarm ginn an een d'Gefill huet net gutt Loft ze kréien, dann hëlleft et scho wann een d'Mask just kuerz ausdeet fir e bëssen duerchzeootmen an e gudde Schotz Waasser ze drénken. Wann een de Mondschutz dann nees undeet, da mierkt een direkt, dass de Kapp nees vill méi kloer.

Wichteg ass just, dass een d'Hëtzt net als Grond hëlt fir d'Mask net unzedoen.