D'Vereenten Natioune schloen Alarm: D'Coronakris wierkt sech negativ op den Aarbechtsmarché aus - virun allem fir déi jonk Erwuessen.

D'Kris soll virun allem bei jonken Erwuessenen, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, fir Problemer suergen. Esou géife sech d'Aussiichten op en zukünftege Job, awer och d'Bildungschancen am Allgemengen immens verschlechteren. E Rapport vun der Internationaler Aarbechtsorganisatioun ILO huet dës Woch op déi Problemer higewisen.

Coronakris huet Accès op Bildung erschwéiert

Am Kader vun enger Etüd mat iwwer 12.000 18- bis 29-Järegen aus verschiddene Länner ass erausfonnt ginn, datt dat virun allem bei jonke Fraen a Persounen aus Länner mat niddregem Duerchschnëttsakommes de Fall wier. Erausfonnt gouf, datt 13 % vun de Befrote wéinst der Coronavirus-Pandemie weder Accès zu engem Cours, nach enger Ausbildung haten.

"Digital Klufft" besonnesch an aarme Länner

Iwwer 70 % hunn uginn, datt d'Zoumaache vun hirer Bildungsariichtung fir si negativ Auswierkungen hat. Virun allem a méi aarme Länner huet sech déi "digital Klufft" besonnesch bemierkbar gemaach. Am Rapport ginn déi schwéier psychesch Folgen ervir gehuewen: 17 % vun de Leit soten, et wier "warscheinlech", datt si ënner Depressioun an Angschtzoustänn leiden.

Schwéier psychologesch Folgen

Eppes, wat vill Leit als Pluspunkt gesinn, ass fir anerer ebe manner erfreelech: Villes ass virun allem elo an der Kris iwwert den Internet gelaf: D'Course sinn online gesat ginn, den Unterrecht selwer gouf iwwert Video-Konferenzen ofgehalen. Virun allem a méi aarme Regiounen hunn déi Jonk awer dacks keen Internetaccès, wat dës Aart vu Léieren immens erschwéiert.