Eigentlech gouf mat dem éischten Impfstoff géint SARS-Cov-2 fréistens fir 2021 gerechent. Ma Russland wëll et awer elo scho gepackt hunn.

Iwwerall op der Welt gëtt grad un der Entwécklung fir een Impfstoff géint de Coronavirus geschafft. Méi wéi 170 Projeten lafen grad aktuell mat genee dëser Missioun.

Russland soll awer elo méi séier gewiescht sinn wéi all déi aner. De russesche President Wladimir Putin huet gëschter matgedeelt, dass een en Impfstoff hätt. An e géif virun allem immens gutt wierken, esou de President. Deemno hätt och schonn dem Putin seng eegen Duechter den Impfstoff krut a gutt drop reagéiert.

An awer steet den Impfstoff an der Kritik. Dat, well een eng Testphas iwwersprongen huet, déi een neie Vaccin eigentlech duerchlafe muss. Et ass déi lescht vun den dräi Test-Phasen, déi déi russesch Regierung op der Säit gelooss huet. Dëst ass d'Phase, an der een den neien Impfstoff un e puer dausend Persounen muss teste loossen. Dat ass néideg, fir sécher ze goen, dass et keng seelen a virun allem liewensgeféierlech Niewewierkunge gëtt. Aktuell sinn 6 Impfstoffer géint SARS-CoV-2 an dëser drëtter Phase.

D'Ausso, dass et guer keng Form vu Niewewierkunge gëtt, ass nämlech immens onwarscheinlech Experten no. Och aus Russland selwer gëtt et Kritik un der Prozedur. Verschidde Wëssenschaftler fäerten, dass op d'Käschte vun der russescher Bevëlkerung probéiert gëtt eng Course ze gewannen. Ab Oktober wëll een a Russland elo Dokteren a Schoulmeeschteren impfen, an duerno Schrëtt fir Schrëtt de Rescht vun der Bevëlkerung. Wéi sécher den Impfstoff ass, wäert een héchstens dann eréischt gesinn.