© Unsplash
Dir erwächt an denkt iech: Wat der Däiwel war dat doten dann elo? Wat beaflosst eis Dreem a kënne mir ganz bewosst en Afloss drop huelen?
An Italien huet eng Fuerscherequipe Dramrapporten analyséiert an ausgewäert. Resultat: Dat, wat mir am Dag erliewen, huet e groussen Impakt op eise Schlof, respektiv dat, wat mir dreemen. Weider Konklusioun: Fraen dreemen anescht ewéi Männer. Fir d'Analys goufe 24.000 Rapporten ënnert d'Lupp geholl. Fir där Quantitéit Meeschter ze ginn, gouf eng Software agesat.
D'KI konnt d'Geschlecht an d'Aart a Weis vum Dram erausfannen. Esou wieren d'Dreem vu Männer méi aggressiv a géife méi vun negativen Emotiounen dominéiert ginn, ewéi déi vu Fraen. An hiren Dreem sinn d'Persounen da méi frëndlech. Wisou dat sou ass? De Fuerscher no spigelt dat den Alldag widder – d'Resultater kann een awer natierlech net generaliséieren.
Dat wat am Dag geschitt géif an der Nuecht respektiv wa mer dreeme weider veraarbecht ginn. D'Software hätt erausfonnt, datt Jonker sech mam Erwuessen-Ginn ausernee setzen. Deemno géife sech an eisen Nuetsausflich keng verstoppte Messagë vun eisem Ënnerbewosstsinn verstoppen. Dat ass jo en Usaz vum populäerste Psychoanalytiker Sigmund Freud.
D'Dramfuerschung ass en immens komplext an och interessant Gebitt. Mat dëser Analys wëll d'Equipe aus Italien dofir och net ophalen. Si fuersche weider an deem Beräich a plangen eng entspriechend App ze entwéckelen. Hei sollen d'Rapporten digital disponibel gemaach ginn, datt ee selwer kann ënnersichen a vergläichen, wat et mat den eegen Dreem op sech huet.