Net jiddereen huet et ëmmer esou mat der Pénktlechkeet. Ma wat ass elo awer di bescht Excuse, wann een emol d’Zäit aus den Ae verluer huet?

Dacks mengt een, et hätt een nach masseg Zäit bis een op säin nächste Rendezvous muss. An da kuckt ee gefillt eng Minutt emol net op d’Auer a schonn ass d’Zäit verflunn. Wéi erkläert een elo am beschte sengem Géigeniwwer, dass dësen e bësse waarde muss?

Mir hunn bei iech nogefrot wat är bescht Excuse ass, wann dir iech emol verspéit. Nieft e puer Klassiker stécht bei den Äntwerten awer och eraus, dass ee Wäert besonnesch am Eldoland vertrueden ass…

Lauschtert eran!