© Pexels
Einfach mol nees no der Schaff doheem gemitterlech e puer nei Filmer a Serië kucken. Netflix huet neit Material um Start.
Am Joer 2020 huet een de Kino quasi an den eege véier Wänn. Dat virun allem duerch Streamingdéngschter wéi Netflix.
Das letzte Wort
Nei am September ass déi däitsch Produktioun "Das letzte Wort".
An der Haaptroll ass d’Anke Engelke als Karla Fazius. Déi onerwaart Wittfra entdeckt seng besonnesch Beruffung als Trauerriednerin. D’Story erzielt op speziell Aart a Weis Geschichte vum Dout, Trauer an dem Weiderliewen. De 17. September start d’Serie op Netflix.
Freaks
Eng weider däitsch Produktioun ass da "Freaks" an ass vum 2. September un op der Streamingplattform ze gesinn.
D’Wendy mierkt op eemol, dass hatt an eng aner Persounen a sengem Ëmfeld iwwernatierlech Kräfte hunn. Et entsteet en Drama aus Alldagsliewen, Superheldefäegkeeten a Verantwortung.
The Devil All The Time
An d’Amerikaner leeën natierlech och no, dat mam Film "The Devil All The Time".
Et ass eng däischter Geschicht. Se spillt tëscht de 40er bis 60er Joren, also tëscht dem zweete Weltkrich an dem Vietnamkrich an der fiktiver Stad Knockemstiff.
Den Arvin Russel, gespillt vum Tom Holland, deem säi Papp och am Krich gekämpft huet mierkt, dass et a senger Stad nëmmen onéierlech Leit ginn a seng Heemecht scho säit laangem d’Plaz vu grausame Verbriechen ass. Wéi den Arvin selwer an d’Viséier vun de Verbriecher geréit, bleift him näischt aneschters iwwereg wéi sech eleng géint se all ze wieren.
De 16. September Start de Film op Netflix a baséiert um Roman "The Devil All The Time" vum Auteur Donald Ray Pollock.