© Youtube Screenshot https://www.youtube.com/watch?v=AAM98AqK0Vw
Eng Traditioun bei där e Mann an e Klettekostüm agebitzt gëtt a Whisky zerwéiert kritt - déi gëtt et a Schottland.
Et héiert een ëmmer erëm vu skurrillen Traditioune ronderëm d’Welt - ma déi hei kënnt aus Schottland.
Um zweete Freiden am August gëtt zu South Queensferry de "Burryman-Day" gefeiert. Also, de Klettemann-Dag. Hei handelt et sech ëm e Feierdag un deem e Mann, dee vu Kapp bis Fouss mat Klette vollgehaangen ass, duerch d’Stroosse paradéiert gëtt a Whisky zerwéiert kritt. Dofir ginn iwwer 1000 Klette gesammelt a gedréchent. Dës ginn un e Ganzkierperkostüm gehaangen an deem de Mann quasi agebitzt gëtt.
Et ass anscheinend immens ongemittlech, de Mann ka sech bal net méi beweegen a brauch Hëllef vun zwee anere Männer fir goen ze kënnen. Hie leet an deem Dag ongeféier 11 Kilometer zréck, a mécht ëmmer mol erëm en Halt fir mat de Leit Fotoen ze maachen - oder ebe fir an engem Pub Whisky ze drénken.
Et ass eng Traditioun vun där kee sou genau weess wou se hier kënnt, mee se soll scho säit dem 12. Joerhonnert existéieren an et gëtt ënner anerem eng Theorie, datt dëst sollt Gléck bei der Recolte bréngen. Eng aner Theorie beseet datt de "Klettemann" duerch d’Stad geet fir dat Béist anzesammelen éier d’Schëffer den Hafe verloosse fir Hierke fëschen ze goen.
Majo, wann et hëlleft…
Hien unzepaken oder souguer eng vu senge Kletten ze kréie soll dann och Gléck bréngen. Schuede kann et jiddefalls näischt.
Eng Traditioun, déi Kleng a Grouss erfreet, also firwat net selwer eng Kéier op Queensferry reese fir sech dat unzekucken. Villäicht klappt et jo d’nächst Joer.
Lauschtert hei d'Reportage: