Et gëtt ëmmer méi kal, an de meteorologeschen Hierscht huet ugefaangen. Beim Thema wat déi schéinste Joreszäit ass, ginn d’Meenungen auserneen.

Beim Pool leien, grillen oder einfach nëmmen d'Sonn genéissen. Sou lues awer sécher musse mer op dës Aktivitéite verzichten, well d'Temperaturen ëmmer méi erof ginn. Obwuel vill Leit de Summer gären hunn, bitt den Hierscht eis och vill flott Méiglechkeeten.

Mir ware mam Mikro ënnerwee an hunn d’Leit dobausse gefrot wat hiren Highlight vum Summer war, an ob si sech op den Hierscht freeën oder op de Summer eis nach bëssen erhale bleiwe soll.

Wat war äre Summer-Highlight?

Mir hunn dann och gefrot, wat d'Leit sech vum Hierscht erwaarden an op wéi eng perséinlech Ereegnisser si sech freeën.

Wat hutt dir leiwer: Summer oder Hierscht?