Wënschen d’Schüler an d’Studenten sech erëm digital Coursen oder géife si léiwer mat Mask am Cours sëtzen?

An deene vergaangene Méint hu Schoulen an Universitéite virun allem op digital Coursë gesat. Fir erëm e bësse méi zeréck an d'Normalitéit ze kommen, muss een a Lëtzebuerg nees fir de Cours present an der Schoul sinn. Dobäi mussen d’Schüler hire Mask droe bis si um Stull an hirer Klass sëtzen. Op der Uni Lëtzebuerg ginn et deelweis Coursen op der Plaz an deelweis op Distanz, also digital.

Bei villen auslänneschen Universitéite gesäit et änlech aus. Am Géigesaz zur Schoul ass et op der Uni awer deelweis esou, dass d’Studente wärend de Presenzcoursen hire Mask konstant unhale mussen. Et ginn awer och Unien, déi weiderhi just digital Coursen ubidden.

Vu dass béid Forme vum Cours Vir- a Nodeeler mat sech bréngen, hu mir bei deene Jonken nogefrot wat si léiwer hunn - digital Coursen oder am Cours mat Mask?

Lauschtert eran!