Wien een neien Job sicht, kann elo well seng Demande schreiwen! Mir weisen iech méi skurril Beruffer a verschiddene Kinnekshaiser.

Dëschduch-Assistent:

Esou ee siicht aktuell di dänesch Kinnigin Margarethe. Um Dagesplang stinn Aufgabe wéi dat kinneklecht Besteck oder de Porzeläin ze botzen an hëllefen den Dësch ze decken. Wéi d’Famill schreift, bräicht een en engagéierte Mataarbechter mat engem ausseruerdentlechen Uerdnungssënn an d’Gespier fir den Detail!

Schong alafen:

Och bei de Royals gi reegelméisseg Aarbechtsplazen ausgeschriwwen. Well d’Queen vill ënnerwee ass, ass et wichteg dass si an hire Schong d’Féiss net wei kritt. Dofir huet si eng Persoun déi nei Schong aleeft. De ganzen Dag muss een a beige Strëmp op engem Tapis trëppele fir Krazerten op de Schong ze vermeiden. Wann dës dann offiziell agetrëppelt sinn, muss nach zum Schluss e Sprint am Fräie gemaach ginn, fir sécher ze goen dass d’Queen mat de Schong net ausrutsche kann.

Déi eenzeg Viraussetzung fir dësen Job ass et warscheinlech, Gréisst 36 am Schong ze hunn.

Entretien vun Aueren:

Och de sougenannten Auermécher huet bei de Royals eng aussergewéinlech Aarbecht. Dësen ass dofir zoustänneg fir den Entretien vun den Aueren  a wann néideg d’Zäit ëmzestellen. Wann dat fir iech no net vill Aarbecht kléngt: Elleng am Holyroodhouse Palast ginn et eng ronn 80 Aueren, am Windsor Castle eng 379 an zu gudder Lescht am Buckingham Palace net manner wéi 500 Aueren.