© Unsplash
Eis Nopeschlänner wéi Frankräich an Däitschland schaffen elo scho méi laang domat. Zu Lëtzebuerg gëtt et esou eng App nach net.
D'Zuele wieren de Moment stabel
D'Tracing-App war och bei eis nees Thema, dat e Méindeg tëscht den Deputéierten an der Regierung. "Keng sanitär Plus-Value" - dat ass d'Meenung vun der Regierung a Bezuch op eng Corona-Tracing-App fir Lëtzebuerg. Aktuell wier esou eng Applikatioun net néideg, well d'Zuele stabel sinn. Weidere Grond: D'Applikatiounen am Ausland wieren am Kampf géint d'Ausbreedung vum Virus net effikass genuch. Et bleift ee soumat beim manuellen Tracing. Domat stinn d'Regierungsvertrieder awer net eleng do. De Gros vun den Deputéierte bleift weider kritesch - souguer wann d'Applikatioun fräiwëlleg wier.
Deputéiert wëllen, dass Lëtzebuerg prett ass
Vun der Chamber ass awer och Kritik komm. D'Positioun vun der Regierung géintiwwer esou enger Tracing-App wier bis ewell esou negativ gewiescht, dass et schwéier géif ginn, d'Leit dovunner ze iwwerzeegen, wann et néideg gëtt. Dowéinst fuerderen d'Deputéiert, datt d'Regierung esou séier wéi méiglech eng entspriechend Software ausschafft, déi prett fir den Asaz ass. Dat kéint zum Beispill de Fall sinn, wann d'Zuelen nees staark klammen an dat analoogt Zréckverfollegen net méi méiglech ass. E weidere Grond wier, wann ee se brauch, fir sech an Europa ze deplacéieren.
Bei Retour aus Vakanz soll ee sech teste loossen
De Premier Xavier Bettel huet an deem Sënn jo ëmmer nees eng eenheetlech Léisung ënnerstrach. Heescht eng Applikatioun op europäeschem Niveau, déi vu jidderengem benotzt kéint ginn. Esou wéilt een e grousse Chaos evitéieren. Donieft war et d'Äntwert vun der Gesondheetsministesch, dass d'Ekippe vun der Santé prett wieren. Déi rezent Zuelen hu gewisen, dass gutt d'Hallschent vun den Neiinfektiounen op Leit zréck ze féiere sinn, déi virdrun am Ausland, respektiv an der Vakanz waren. Et wëll een elo geziilt op d'Sensibilisatioun setzen, dass déi Persoune sech teste loossen.